Plangen

d'Hochzäit vu sengen Dreem

Hochzäitsrees

„D'Hochzäitsrees! Dës Vakanz ass just fir Iech zwee, en amoureux, déi lescht Etapp vun der Hochzäit. Dës romantesch Rees ass den Ufank vun Ärem Bestietnis a soll deemno aussergewéinlech an onvergiesslech sinn.

Ob Dir méi abenteuerlech veranlaagt sidd oder éischter an der Sonn leie wëllt: Wat d'Destinatioun vun Ärer Hochzäitsrees ugeet, hutt Dir d’Qual der Wahl.
D'Equipe vu mariages.lu huet decidéiert, den zukünftege Brautleit nach emol ze hëllefen, an huet e Choix vu verschiddenen Hochzäitsreesen, déi den ënnerschiddleche Goûten a Budgete gerecht ginn, zesummegestallt. Gitt dem Guide no!“

Hochzäitsrees Aventuren

Dës Selektioun vun Hochzäitsreesen adresséiert sech u Koppelen, déi op der Sich no grousse Gefiller sinn a keng Hemmungen hunn. Fir all déi Verléiften, déi Hand an Hand iwwert hir Grenzen erausgoe wëllen an dat Onbekannt net fäerten.

Wann Dir Iech hei erëmerkennt – an Dir d'Aventure vun Ärem Liewen erliewe wëllt –, da paakt Är Wallissen a flitt op eng Hochzäitsrees voller Emotioune wéi déi berühmte Koppel Bernard a Bianca.

Safari

D'Wuert Safari kënnt aus dem Swahili a bedeit „eng Rees“.

D'Zil ass et, mat der Natur ze kommunizéieren an d'„Big Five“ (Léif, Leopard, Elefant, Nashorn, Büffel) ze gesinn.

Dir musst awer wëssen, dass et keng Garantie gëtt, dësen Déieren och wierklech ze begéinen. D'afrikanesch Naturreservater a Parke kënne riseg sinn (d'Serengeti an Tansania ass esou grouss wéi d'Belsch!) a wëll Déiere kenne keng Grenzen.

Fir dës intim an onvergiesslech Momenter ze erliewen, rode mir Iech, Är Rees gutt virzebereeden. Iwwerpréift d'Saison, sicht en zouverlässegt Gefier, wielt d'Unterkunft an, virun allem, wielt d'Déieren, déi Dir wëllt gesinn, an deemno d'Regiounen, wou Dir hifuere musst.

Mä och wann Dir se net all gesitt – Är Hochzäitsrees wäert trotzdeem schéi sinn!

Dir kënnt Aventure mat Wellness verbannen, andeems Dir d'Savanne besicht (de Kruger-Nationalpark, d'Sabi Sands Game Reserve oder och nach d'Madikwe Game Reserve) oder a Südafrika reest an e bësse vun den idyllesche Plagë profitéiert.

Entdeckt och Kapstadt – eng wierklech herrlech Stad!

Profitéiert vum Süden a maacht e romanteschen Ausfluch laanscht d'Garden Route. Bleift bei engem vun de wonnerschéinen Domainë vun der Regioun stoen, fir Wäiner ze schmaachen, déi mat Sécherheet och Amateure vu grousse Cruen iwwerzeege wäerten.

Schléisst all Dag mat engem schéinen Iessen en amoureux of ... matten an der Brousse. Loosst Iech vun de Geräischer vun der Savanne verzauberen a genéisst de spektakuläre Sonnenënnergank ee widder deem aneren.

Wann Iech all dës Schéinheete vun Afrika reizen, da waart net laang. Iwwerleet Iech, wat Dir maache wëllt, a vill Gléck!

Surfen a Portugal

Dir an Är besser Halschent gehéiert net zu deenen, déi d'Vakanz op engem Ligestull verbrénge wëllen? Als Surffans kënnt Dir Iech et net virstellen, op Hochzäitsrees ze goen an Äert Briet doheem ze loossen? Dann denkt net laang no a flitt a Portugal!

Wéinst sengem mëlle Klima a senge ville verschiddene Wellen ass Portugal d'ganzt Joer iwwer déi perfekt Destinatioun fir Surfer – egal, ob Amateur oder Vollprofi! Zu Nazaré huet de Fransous Banjamin Sanchis en onvirstellbaren Exploit realiséiert an op enger méi wéi 30 m héijer Well gesurft.

Niewent villen aneren Hot Spots sinn dat heiten déi coolste Plazen:

Praia do Guincho – Estoril ass geschätzt bei Wand - a Kitesurfer aus der ganzer Welt, déi all Joer hei zesummekommen.
Ericeira gëllt als déi éischt Surf-Destinatioun an Europa an déi zweet weltwäit.
Oder och nach Peniche a seng Plage Supertubos, wou d'ASP World Tour wéinst den héije Wellen en Deel vun de Kompetitiounen organiséiert.
Niewent dem Surfe kënnt Dir a Portugal och dauche goen oder d'verstoppte Grotte vun der Regioun besichen.

Op dëser Rees profitéiert Dir vun enger Destinatioun mat vill Sonn, enger herrlecher Natur, vill Kultur a ville klenge pittoresken Dierfer.

Portugal ass ideal fir en Ausfluch en amoureux tëschent zwou Wellen. An owes kënnt Dir de Kläng vum Fado nolauschteren ...

An och wat d'Gastronomie ubelaangt, charméiert Portugal. D'Kichen ass aluedend a lecker. D'Domainen, déi Wäikenner hei ënnert dem Numm „Quintas“ kennen, bidden e grousse Choix vu Wäiner, déi Iech verzaubere wäerten. Déi, déi eng Escale zu Porto maachen, entdecken d'Geheimnisser vum berühmte Wäi mam selwechten Numm a wäerte mierken, dass eng Rees a Portugal ëmmer e Genoss ass!

Trekking a Patagonien

Dir kënnt op Touristerummel verzichten? Dir wëllt eppes anescht maachen, wéi e Cocktail op enger paradisescher Plage schlürfen? Loscht op Natur an Aventuren? Da loosst Iech vun engem Trek a Patagonien verféieren!

Fir déi, déi et nach net wëssen: Patagonien ass kee Land, mä eng Regioun tëschent dem Südzipfel vu Chile an Argentinien.

Et ass immens grouss an huet vill Naturreservater, soudass ee sech virdrun iwwerleeë muss, wéi eng Deeler ee besiche wëll, fir de Parcours vum Trek festzeleeën.

An dësem entleeënen Deel vun der Welt ginn et herrlech wëll Géigenden: Bierger, Gletscher, Séien, Pampa, Bëscher ... wou Dir Déiere gesi kënnt, déi een normalerweis net an Europa gesäit, wéi Walen oder Pinguinen.

Dowéinst ass Patagonien e super Terrain fir Aventuren an Trekking. Dës riseg, isoléiert Géigend zielt gigantesch Granitnolen an hält a Feuerland an der Stad Ushuaia op.

Koppelen, déi et gär authentesch an naturno hunn, kënnen an engem Zelt schlofen. Fir déi aner: Keng Panik! Och wa Patagonien nach wëll an onberéiert ass, wou éischter d'Natur wéi urban Infrastruktur d'Soen huet, ginn et dach vill verschidden Hoteller – vun der klenger Auberge bis zum 4-Stären-Hotel. Et muss ee schliisslech zouginn: No deem ganzen Zu-Fouss-Goen huet e bësse Confort dach och säi Reiz.

D'Zil vun dëser Hochzäitsrees ass et, Zäit mat Ärer besserer Halschent ze verbréngen, d'Gefill ze hunn, eleng op der Welt ze sinn, a vill Faarwennuancen a Landschaften, déi sech plëtzlech veränneren, ze erliewen.

Well dëst eng vun den am mannste bevëlkerte Regioune vun der Welt ass, garantéiert Iech Patagonien niewent sengen eenzegaartege Landschafte vill erfëllend Momenter an eng eenzegaarteg Atmosphär.

Zéckt also net, paakt Är Rucksäck a maacht Iech op, fir d'Enn vun der Welt ze entdecken ... wou de Wee keen Enn huet.

Spa & Wellness

D'Virbereedunge ware laang an ustrengend ... Während deem stressege Joer hutt Dir dauernd u Rou geduecht, u Massagen, déi Äre Kierper dréngend gebraucht huet, an un e Gefill vu Liichtegkeet, wann de groussen Dag eriwwer ass.

Mariages.lu huet un Iech geduecht an e puer Hochzäitsreesen erausgesicht, wou d'Entspanen am Virdergrond steet.

Yoga-Stage am Costa Rica

Dir sidd frësch bestuet an de schéinsten Dag vun Ärem Liewen huet all Ären Erwaardungen entsprach! D'Virbereedunge fir d'Hochzäit waren awer net grad erhuelsam, fir net ze soen: extrem stresseg.

Deemno wëllt Dir Iech erhuelen a während enger Yoga-Rees nees als Koppel zur Rou kommen. Dann zéckt net, preparéiert Är Tenue a loosst Iech vun engem Moment intensiver Entspanung verzauberen.

Den Avantage vun dëser Zort Hochzäitsrees ass et, dass een d'Entdecke vun engem Land mat Yoga, Natur a Sport kombinéiere kann.

Egal, ob Dir Amateur oder Expert sidd: Costa Rica wäert perfekt Ären Erwaardungen a punkto Natur an Erhuelung gerecht ginn.

Et ass en herrlecht Land – gréng an tropesch. Mat idyllesche Plagen an aneren natierlechen Ökotourismus-Sitten.

Costa Rica ass wierklech déi perfekt Plaz, fir mat Yoga unzefänken oder ze perfektionéieren. Wäit ewech vum Chaos vun de Stied an heiansdo e bëssen ze touristesche Plazen. Intensiv- oder Light-Stagë ginn et quasi am ganze Land.

Normalerweis ginn an all den Hoteller Seancë vun 90 Minutten zweemol am Dag ugebueden. Op der Plage, beim Dausche vun de Wellen, mat enger liichter Lëftche moies ... Yoga-Fans aus der ganzer Welt treffe sech hei.

Et ass definitiv déi ideal Plaz, fir lasszeloossen an ze entspanen, fir säi Kierper, säin Häerz a seng Séil ze fleegen.

Thalasso zu Marrakesch

Friem a bezaubernd ... Marokko ass e Land mat dausend Facetten. Et ass sécherlech eng vun den touristeschen Destinatiounen, déi Wellness an Entdeckunge perfekt matenee verbannen.

Vill Sonn d'ganzt Joer iwwer, ënnerschiddlech Landschafte mat schéine Plagen, herrleche Palmegäert, Zedernbëscher, Wüsten a mat schnéibedeckte Bierger. Dëst Land profitéiert vun enger faszinéierender natierlecher Ëmgéigend, wat et zu engem Dramzil mécht.

Wann Dir op Marrakesch fuere wëllt, da wäerten Iech d'Spa-Hoteller an d'Riads mat hiren extrem soignéierte Servicer verwinnen. Hei kënnt Dir eng schéi Hochzäitsrees verbrénge mat Behandlungen, Massagen an Entdeckungen.

Am Dag, nodeems Dir ausgespaant hutt, kënnt Dir an der rouder Stad Aventuren en amoureux erliewen. Ee vun den Highlights: de prächtege Jardin Majorelle, e botanesche Bijou mat exotesche Beem a Planze matten an der Stad.

An duerno kënnt Dir an d'Medina goen. Wann Dir Ären Ausfluch méi romantesch gestalte wëllt, da vergiesst den Taxi an huelt eng Kutsch.

Zum Schluss – och, wann Dir net mat der Wallis voller Souveniren heem fuere wëllt – musst Dir trotzdeem nach déi besonnesch Atmosphär vun de ville Souken zu Marrakesch erliewen.

Owes, wann Dir nach Energie hutt, proposéiert Iech d'Stad e grousse Choix vu Restauranten, Baren a Clibb, fir Party ze maachen a bis an d’Nuecht era mat Ärem Partner ze danzen.

Zéckt net, op Ärer Rees wéinstens eng Nuecht an der Wüst ze verbréngen a vun der Geleeënheet ze profitéieren, fir en Ausfluch mat engem Kaméil ze maachen an de Sonnenënnergank an dëser riseger Sandlandschaft ze genéissen. Dat eenzegt Geräisch, wat ze héieren ass: den Häerzschlag vun Ärer besserer Halschent.

Spirituell Rees an Indien

ndien ass ideal fir eng Hochzäitsrees, wann Dir fir Iech selwer a fir anerer oppe sidd. Fir Koppelen, déi Loscht hunn, sech ëm sech selwer an ëm anerer ze këmmeren ...

D'Kultur an d'Geschicht vun Indien eegene sech perfekt fir Spiritualitéit a Wellness.
All Eck ass räich un hellege Plazen, Ritualer an Traditiounen an dëst risegt Land wäert ouni Zweiwel Ären Erwaardunge voll a ganz gerecht ginn.

Op de Spuere vum Buddha, laanscht de Ganges, an engem Ashram oder op der Maartplaz: Wann Dir Iech op mënschlech Echangen aloosst, wäert Dir vill Neies erliewen. Et ass méiglech, authentesch Begéinunge mat Weisen, hellege Plazen, humanitären Associatiounen asw. ze maachen, fir eng Äntwert op seng ënnerlech Sich ze fannen – duerch d'Leit, déi Dir treffen, an d'divers Energien, déi Dir hei erliewe wäert.

Fänkt während dëser Rees mat Yoga un a genéisst d'Virdeeler vun ayurvedesche Massagen, déi e Gläichgewiicht tëschent kierperlechem, spirituellem an emotionalem Wuelbefanne schafen.

D'Spréchwuert „Do dengem Kierper Guddes, fir dass d'Séil bleiwe wëll“ mécht hei plëtzlech Sënn ...

Wat de romanteschen Deel vun der Vakanz ugeet, ass dëst Land ideal fir jonk Koppelen, déi Magie sichen.
Ob duerch seng Gerécher oder seng hypnotesch Faarwen: D'Atmosphär vun dësem Land ass wéi aus enger Geschicht vun 1001 Nuecht.

Owesiesse mat Käerzen, Soiréeën am Moundschäin, Ausflich um Réck vun engem Elefant, Spadséiergäng an d'Wüst zu Jaisalmer, an natierlech eng Visite vum berühmten Taj Mahal – ouni Zweiwel eng vun de schéinste Plazen op dëser Welt an och e staarkt Symbol vun der Léift, vum Mogul-Sultan Shah Jehan fir seng verstuerwe Fra.

Indien als Choix fir Är nei Verbonnenheet duerch e richtegt Andauchen an d'mënschlecht, kulturellt a spirituellt Liewe vum Land wäert en onvergiesslecht Erliefnes sinn, dat Dir als Koppel maache kënnt.

Farniente

Och wa munch Leit fannen, dass Dir net besonnesch originell sidd: Fir Iech ass eng Hochzäitsrees einfach just waarme Sand a Sonn. An natierlech d'Dausche vun de Wellen an den Oueren, wat Iech drun erënnert, dass et en Heelmëttel géint d’Hëtzt gëtt ...

Wann Dir Iech fir eng Farniente-Hochzäitsrees entscheet, dann hutt Dir den Embarras du choix. Hei eis Selektioun:

Kroatien, d'Pärel vum Mëttelmier

Kroatien, och d'Pärel vum Mëttelmier genannt, ass eng vun den Dramdestinatioune fir eng Hochzäitsrees am Zeeche vun Entspanung a Lassloossen zu zwee.

Vu Bierger bis Mier huet Kroatien eng Villzuel vun touristeschen a kulturellen Atouten.

Och wann et e grousse Choix vun Aktivitéite gëtt – ë. a. d'Nuetsliewen zu Zagreb oder eng Visite vun Dubrovnik –, de grousse Virdeel vu Kroatien ass virun allem déi immens schéi Küst.

D'kloert Waasser an d'Sandplagë lueden zum Schwammen a Sonnen an. Seng herrlech Buchten hunn alles, fir sech ze erhuelen an d'Batterien nees opzelueden.

D'Plitvicer Séie sinn ee vun de ville Schätz. An dësem Garden Eden verstoppe sech vill wëll Déieren an déi schéinste Waasserfäll vun der Welt, déi sech mol smaragdgréng, mol déifblo an d'Déift stierzen.

Dir kënnt och en Ausfluch op eng vun de ville kroateschen Insele maachen an dovu profitéieren, fir eng Escale an enger vun de Grotten ze maachen an de Mieresbuedem mat Mask a Schnorchel ze erfuerschen.

Dëst Land ass mat sengen idyllesche Landschaften esou fir Romantik a Léift predestinéiert, dass et zu den Top 5 zielt, fir sech hei ze bestueden oder d’Hochzäitsrees ze verbréngen.

D'Malediven – ganz eleng op der Welt

Am Häerze vum Indeschen Ozean offréieren d'Malediven en idyllesche Kader, wou et einfach ass, frou mateneen ze sinn.

Dëse paradiseschen Eck proposéiert Hoteller mat de Féiss am Waasser, an zwar net op der Plage, mä an der Lagun selwer. Isoléiert an intim kënnt Dir hei e Moment Relaxatioun zu zwee genéissen.

Op Stelzen ze wunnen, heescht, an den Äerm vun Ärem Partner mam Dausche vun de Wellen am Hannergrond anzeschlofen, ze erwächen an direkt vun Ärem Zëmmer aus an engt vun de schéinste Mierer op dëser Welt ze sprangen.

D'Malediven bidden e Programm mat villen Iddien an Occasiounen, fir sech ze sammelen an e magesche Moment zu zwee ze erliewen.

Déi, déi op Entdeckungstour wëlle goen, kënnen an dem glasklore Waasser dauche goen a Korallen, Schildkröten an exotesch Fësch bewonneren.

Fir déi manner Abenteuerlusteg bitt sech en Tour mat engem Boot un, bei deem Dir de Sonnenënnergank an e Glas Schampes a Schwertfësch genéisse kënnt. Oder, ganz einfach, komfortabel installéiert, roueg an der Vegetatioun mat, als eenzegem Horizont, der brennender rouder Sonn, déi mat dem turquoisem Mier verschmëlzt, kënnt Dir vun enger Massage zu zwee profitéieren, fir Wuelbefannen a Geloossenheet ze fannen.

Loosst Iech an dësem Dramkader, um Enn vun der Welt, op eng Rees vun der Léift entféieren.

Formentera a Spuenien, eng turquoise Hochzäitsrees

Vill Verléifter dreeme vun enger Hochzäitsrees op enger Plaz, wou de Sand esou fei wéi Seid ass an d'Mier transparent wéi Kristall.

Dofir steet Formentera a Spuenien – eng kleng wëll a wandgepeitschten Insel – de grousse Klassiker an der Karibik an näischt no.

Dëse Bijou am Mëttelmier offréiert Iech net just e paradiseschen Dekor mat sengen isoléierte Grotten an dem turquoise Waasser, mä och vill Aktivitéite wéi Schnorchelen, Visitte vu Grotten, déi just mat engem Kajak erreechbar sinn, oder och d'Decouverte vun den dräi Pharë vun der Insel, déi an enger Landschaft leien, déi esou schéin ass, dass se e Besuch wäert sinn.

Ouni Fluchhafen ass d’Insel mam Schëff a just 30 Minutte vun Ibiza erreechbar, wat manner wéi dräi Fluchstonne vu Lëtzebuerg ewech ass.

Entspaant an zesumme mat Ärer besserer Halschent kënnt Dir en iwwerwältegend Erliefnes genéissen an de mythesche Sonnenënnergank bewonneren, während Dir frësche Fësch oder eng vun de Feigespezialitéite probéiert – zesumme mat engem gudde Glas Sangria.

Déi klengsten Insel vun de Balearen ass dat perfekt Zil fir eng Farniente-Hochzäitsrees, ouni sech ze ruinéieren an ouni musse wäit ze fléien.

Äiseg Keelt

Well Dir net esou eng Koppel sidd, déi de ganzen Dag op engem Ligestull verbréngt, well de Sand Iech d'Féiss verbrennt a well et fir Iech näischt méi Schéines wéi eng Ëmäerbelung gëtt an e séisse Kuss am Schnéi ...

Mir hunn Iech eng Auswiel vun Hochzäitsreesen an der grousser Keelt mat vill Héngerhaut zesummegestallt.
Cocooning-Flitterwochen, mat Owenter virum Feier, verléift am Aarm vum Partner.

Kanada

Et gëtt näischt méi Schéines fir den Ufank vun Ärem Bestietnis wéi Kanada mat sengem wäisse Mantel.

Dank senger riseger Naturlandschaft ass Kanada perfekt fir Outdoor-Aktivitéiten. Vill Regiounen an Aktivitéiten, déi Dir zu zwee entdecke kënnt – ganz no Äre Wënsch.

Spadséieren an de Bëscher op Vancouver Island, Schi a Snowboard um Mount Saint Louis Moostone, en Tour mat engem Hondsschlitt e puer Kilometer vu Montreal ewech, Ice Climbing am Québec ...

An natierlech ee vun den Highlights fir eng Hochzäitsrees: d'Niagara-Fäll. Profitéiert vun dëser Escale, fir mam Helikopter iwwert se ze fléien. Dat ultimatiivt Erliefnes, dat Ausblécker, déi engem den Otem huelen, mam Nervekitzel vum Fléie verbënnt.

Koppelen, déi keng Hemmungen hunn, hunn de Choix tëschent zwou onvergiesslechen Nuechten en amoureux:

den Äishotel am Québec, en eenzegaartegt Konzept an Amerika an esou romantesch! Hei schlooft Dir – gutt agepaakt – op engem Bett aus Äis, dat mat Feller bedeckt ass. Oder de Parc National des Monts Valins, wou d'Natur omnipresent ass.

Hei kënnt Dir d'Nuecht an engem Iglu verbréngen, dee just zu Fouss, mat Laanglafschier oder Racketten erreechbar ass. Eng magesch an eenzegaarteg Aventure.

Lappland

Lappland – d'Regioun, wou et tëschent dem Himmel an der Äerd ganz vill Wäiss ze gesi gëtt ...

Et steet Iech vu September bis Mäerz fir nordesch Aktivitéiten à gogo zur Verfügung: Laanglaf, Schnéischongwanderen, Schlittfueren, Ausflich mam Schnéimobil, Äisfëschen ...

A fir déi manner Extrem ënnert Iech: Weider Méiglechkeete sinn e Besuch am Duerf vum Weihnachtsmann oder eng Rendéier-Course.

Et gëtt kee bessere Snack wéi e Stéck Liefkuch zesumme mat engem Glas waarmem Bierejus – eng Ambiance wéi aus engem Chrëschtmäerchen.

Owes, no engem gemittlechen Tête-à-Tête beim Kamäin, gëtt et näischt méi Romantesches wéi (deck agemokelt) Hand an Hand spadséieren ze goen, d'absolut Rou ze genéissen an d'Nordliichter ze bewonneren.

Fir eng 100-prozenteg typesch Atmosphär gëtt am Waarmen a klengen Holzchaleten op Déierenhaut geschlof. Oder an Igluen – sief et aus Schnéi fir déi méi Authentesch, sief et aus Glas fir déi méi Modern. Ideal, fir mat dem Kapp an de Stären anzeschlofen.

Dës Rees wäert Fans vu Schnéi, vill Wäiss an Natur an hirer rengster Form begeeschteren.

Russland

Dir sidd Amateur vu Schéinheet an Anmut? Sensibel fir d'Romantik vum berühmte Schwanenséi? Dir wëllt Laanglaf op der zougefruerener Wolga maachen?
Wat gëtt et da Besseres wéi eng Hochzäitsrees an d'Land vun den Zaren?

Russland faszinéiert säit jeehier wéinst senger Architektur, senger Konscht a sengem majestéitesche Patrimoine.

Déi zwou wichtegst Stied si Moskau a Sankt Petersburg. Obwuel ganz ënnerschiddlech, gi Kultur an Traditiounen hei groussgeschriwwen.

Wann Dir eng Escale zu Moskau, „déi Majestätesch“ genannt, maacht, da recommandéiere mir Iech, an engem Hotel bei der berühmter Rouder Plaz ze schlofen. All d'Highlights vu Moskau ënnert dem glitzerne Schnéi sinn net wäit ewech, ë. a. de Lenin-Mausoleum, de Kreml, d'Basilius-Kathedral an, net ze vergiessen, de Wodka-Musée.

Ier Dir nees ofreest, profitéiert vun den Avantagë vun der russescher Sauna an engem Sanduny-Bad.

A vergiesst net, Äert Schlass un d'Äscht vum „Liebesbam“ ze hänken an de Schlëssel an de Floss ënnendrënner ze geheien, fir Är Léift op éiweg ze besigelen.

Wann Dir duerno op St. Petersburg – och „d’Venedeg vum Norden“ genannt – reese wëllt, da kënnt Dir dat am Dag oder an der Nuecht mat engem Highspeed-Zuch maachen.

Et gëtt näischt méi Magesches wéi d'mäerchenhaft Atmosphär an dëser Stad, wann d'Kanäl vun der Neva zougefruer sinn. Wéi Spigele reflektéiere si d'ganz Pracht vun dëser onkonventioneller a romantescher Stad.

Fir dës Rees ofzerënnen, verbréngt zwou Nuechten iwwert dem Polarkrees. Wäit ewech vum Kaméidi vun de Stied ... am Archipel vun de Solowski-Inselen, wou Dir d'Natur an hirer rengster Form grad wéi d'Schéinheet an d'Rou vum Wäisse Mier entdecke kënnt.

Rondreesen

Ob op enger idyllescher Plage oder op Stroossen, fir d'Landschaften, déi laanschtfléien, ze kucken ... D'Hochzäitsrees ass dofir do, fir besonnesch Momenter zu zwee ze genéissen.

Wann Dir ee vun den Tandems sidd, déi ëmmer nei Saachen entdecke wëllen, dann entscheet Iech éischter fir eng Rondrees.
Huelt Äre Rucksak, Är Turnschlappen a Fotoapparater, erwächt den Aventurier, deen an Iech schlummert, a bereet Iech drop vir, vill Schéines ze gesinn.

Thailand entdecken

Wien huet net vum Sand op der Insel Phi Phi Lee gedreemt, nodeems en de Film „The Beach“ gesinn huet? Mat sengen agreabelen Temperaturen, senger leckerer Kichen a sengen onbeschreiflech schéinen Naturpanoramen huet Thailand scho vill frësch bestuete Koppele verzaubert an ass ee vun den Highlights fir Hochzäitsreesen an Asien.

Vun Norden no Süden: Entdeckt d'Land vum Laachen op engem Road Trip. An Thailand ronderëmzereesen ass ganz einfach: Zuch, Vëlo, Scooter, Schëff oder Fliger ... All d’Transportmëttel si liicht accessibel an net deier.

Normalerweis fänkt d'Rees zu Bangkok mat senge prestigiéise Palaisen a buddhisteschen Tempelen un. Duerno fuert Dir op Ärer Rondrees an den Norden op Chiang Mai, eng al Stad am Dschungel, ideal fir en Trek an eng vun de beschte Regiounen, fir mat Ärem Partner thailännesch kachen ze léieren.

Zum Schluss, fir Ären Openthalt entspaant a relax ofzerënnen, fuert Dir nees an de Süde vum Land mat senge Postkaartelandschaften an herrlechen Inselen. Gitt dauchen an entdeckt déi vill Spots an der Andamaensee an am Golf vu Siam oder besicht zu Fouss oder mam Kayak eng vun de ville Grotten an Hielen an der Phang Nga-Bucht an der Provënz Nakhon Sri Thammarat. Niewent Visitten ass dës Regioun och perfekt fir Massagen an Openthalter an engem vun den aussergewéinlechen an extrem confortabelen Hoteller.

Thailand huet alles fir eng onvergiesslech Rees, vun där Dir ëmmer gedreemt hutt, fir Äert Bestietnis ze feieren. Zéckt also net laang a loosst Iech verféiere vum exotesche Flair vun Thailand an dem tropeschen Dschungel vu senge klengen Naturparadäiser.

An 21 Deeg ronderëm d'Welt

Dir wënscht Iech eng Hochzäitsrees, wou Dir d'ganz Welt mat Ärer besserer Halschent entdecken an onvergiesslech Momenter zu zwee erliewe kënnt?

Mä Dir hutt Iech scho Congé fir d'Hochzäitsvirbereedunge geholl an hutt elo net méi vill Zäit, fir de Planéit ze erfuerschen an alles ze entdecken, wat eis herrlech Äerd u Schéinem a Mysteriéisem ze bidden huet. Dir kënnt sécher sinn: Dat ass kee Problem! Et ass méiglech, den Tour ronderëm d'Welt an dräi Wochen ze maachen. An Dir hutt esouguer de Choix tëschent verschiddene Formullen.

Dir kënnt Iech dës Loft-Croisière u Bord vun engem extrem confortabele Privatjet mat Tëschelandunge sur mesure an engem private Guide offréieren.

Direktflich, e Sëtz mat Ärem Numm fir déi ganz Rees, ultraséier Embarquementer a Moolzechten a Gedrénks wéi an engem 5-Stären-Hotel.

Fir dës Rees muss ee mat minimum 15.000 Euro pro Persoun rechnen.

Fir frësch bestuete Koppele mat klengem Budget ass dësen Dram och méiglech mat engem Fligerticket ronderëm d'Welt, déi vu ville Fluchgesellschaften zesummen ugebuede gëtt. Dir kënnt a Géigende reesen, wou d'Alliancë Fluchlinnen hunn: One World, Skyteam, Star Alliance oder och Emirates ...

En Tour mat maximum 26.000 Meile kascht an der Economy Class 2.100 Euro pro Billjee. Wann Dir bis zu sechs Regioune besiche wëllt, da kascht de Billjee ca. 3.500 €.

D'Konzept ass einfach: Et keeft een en Ticket „Around the world“, et wielt ee seng Escallen an de proposéierten Disponibilitéiten an et flitt ee fort.

Egal, fir wéi eng Destinatiounen Dir Iech entscheet, Dir kënnt sécher sinn, dass Dir dat Bescht draus maache wäert. Dës Hochzäitsrees wäert eng exzeptionell Rees sinn – eng Entdeckung vun der Welt an hire Bijouen. Dir wäert zréckkommen an de Kapp voller Souveniren an d'Häerz voll Léift hunn.

Road Trip op der West Coast

Et ginn Dosende vu verschiddene Formulle fir e Road Trip duerch d'USA. Mariages.lu huet decidéiert, Iech eng Rondrees op der Westküst ze presentéieren.

Dir lant zu Los Angeles a fänkt Är Visite mat de Studioen zu Hollywood un an dem mythesche Quartier vun de Staren: Beverly Hills. Duerno geet et op déi berühmte Plagë Santa Monica a Venice Beach, fir de Sonnenënnergank ze bewonneren.

No e puer Deeg an dësem Deel vun der Küst fuert Dir an engem geléinten Auto en amoureux op Las Vegas, wou Dir eng Nuecht verbréngen an Äert Gléck am Casino versiche wäert! A firwat net den nächste Moien dovu profitéieren, fir Äert Ehegelübde an der Elvis Chapel ze widderhuelen?

No dësem verréckten Erliefnis maacht Dir Iech op der legendärer Route 66 op Entdeckungsrees vum Westen a bleift eng oder zwou Stonne stoen, fir Hand an Hand duerch d'Duerf Hackberry ze spadséieren, wat am Stil vun den 30er-Joren erbaut gouf.

A wann Dir schonn op Aventuren agestallt sidd, da kënnt Dir och direkt d'Nationalparken un der Westküst besichen, de Grand Canyon am Helikopter iwwerfléien, duerch de Monument Valley wanderen, de Lake Powell an de Colorado River kucke goen. Duerno geet et weider an de Bryce Canyon, Zion etc. Gënnt Iech e romantesche Stopp am Hotel The Inn at Death Valley, ier dëse legendären Dall a seng infernal Temperaturen un d'Rei kommen.

Déi nächst Deeg geet et bei d'Mammoth Lakes. Dir wäert komplett depayséiert sinn, wann Dir an engem Dag duerch d’Wüst a laanscht d’verschneite Bierger vun der Sierra Nevada fuert.

Nodeems Dir all d'mythesch Géigenden aus Ären amerikanesche Liiblingsfilmer gesinn hutt a fir Ären Honeymoon made in USA ze clôturéieren, geet et virum Heemfluch nach op San Francisco, soudass Dir Äert neit Liewen als bestuete Koppel mat ville schéine Souveniren ufänke kënnt.

Croisièren

Dir dreemt vun enger Croisière als Hochzäitsrees?

Den Avantage vun dëser Formule ass et, dass Dir op enger relativ kuerzer Streck e Maximum u Plaze besiche kënnt. Ouni et mierken, reest Dir vun Escale zu Escale, a profitéiert gläichzäiteg vun der Sonn an de Fräizäitaktivitéiten, déi u Bord ugebuede ginn.
Wat de Confort ugeet, hutt Dir ëmmer déiselwecht Kummer an evitéiert, Är Wallis an all Hafe mussen an- an auszepaken.

Well et vill Destinatiounen iwwert d'Mier gëtt, huet Iech d'Equipe vu mariages.lu e Choix zesummegestallt, deen Iech Loscht soll ginn, den Anker ze lichten an op d'Mier erauszefueren.

Croisière an der Karibik

All moies, wann d'Sonn opgeet, en neien Hafen, eng nei Escale an nei Landschaften, fir ze entdecken ...

Mat enger breeder Palett un Aktivitéiten u Bord kommt Dir ni dozou, Iech ze langweilen, an Dir kënnt ëmmer maachen, wat Dir wëllt a wéini Dir et wëllt.

Well Croisièresschëffer immens grouss sinn, kënne Verléifter sech ëmmer zréckzéien an eleng sinn – op engem Ligestull iergendwou op Deck.

Hei ass eng Auswiel vu romantesche Stopps an der Karibik. All mat schéinen an erhuelsame Plagen, déi perfekt bei eng Hochzäitsrees passen.

Zu Miami waart eng Shopping Session oder e Picknick zu zwee am Lummus Park op Iech.

Gitt a Mexiko op Entdeckungsrees vum Hannerland an all de Schéinheete vun der mexikanescher Natur matten am Dschungel.

Op de Bahamas hutt Dir déi eemoleg Geleeënheet vun Ärem Liewen, zesumme mat de Schwäin, déi am waarme Mierwaasser planschen, schwammen ze goen.

Op Jamaika: ënnert engem Waasserfall schwammen, en Ausfluch op engem Päerd maachen, mat Delfine schwammen ... Dir hutt de Choix, wat Dir maache wëllt a wat Iech gefält.

Am Honduras ass den Dag, deen Dir an dësem Land verbréngt, mat enger Visite vum Dschungel an dem herrleche botanesche Lancetilla-Gaart méi wéi gefëllt.

Den Openthalt op de Caiman-Inselen ass ideal, fir akafen ze goen, well am ganze Land sinn all d'Präisser ouni TVA.

Per Definitioun ass eng Croisière eng villverspriechend Verbindung tëschent Erhuelung an Aktivitéit. Wann Dir Iech fir d'Karibik entscheet, wäert Dir laanscht d'Küst an am Banneland Landschaften erliewen, déi dem Paradäis zimlech no kommen.

Croisière op d'griichesch Inselen

Wat gëtt et méi Romantesches wéi en Tour an d'Land vum Eros an der Aphrodite, dem Gott an der Gëttin vun der Léift?

An den herrleche Gewässer vun der Ägäis an dem Ionesche Mier huet Griicheland Dausende vun Inselen, vun deenen all Eenzel vill Schätz an dësem Deel vum Mëttelmier verstoppt.

Tëschent extrem schéine Landschaften an historesche Ruinen huet Griicheland alles, fir Iech ze iwwerraschen an ze verzauberen.

Zu Mykonos fannt Dir vill Buchten a Plagë mat wäissem Sand, iwwert deene schnéiwäiss Dierfer mat bloe Kuppelen trounen.

Korfu gëtt wéinst senge grénge Landschaften och d'Smaragdgréng Insel genannt. A sengem Biergmassiv kann ee wandere goen, a seng Plagë si perfekt, fir ze relaxen.

Op Santorini fannt Dir esouwuel schwaarze wéi och roude Sand – en natierlecht Phänomen opgrond vun de Vulkanausbréch. En onvergiesslecht Erliefnis!

Niewent schwamme goen a vill Sonn proposéieren d'griichesch Insele ganz vill verschidden Aktivitéiten.
Waassersport wéi Dauchen, Rafting a Kayak, mä och Aktivitéiten an de Bierger: VTT, Klammen ...

En plus eng Gastronomie voll Sonn mat traditionelle Saveuren an eng schéi Wäikaart, op déi d’griichesch Wënzer stolz sinn.

Vergiesst net eng Visite vun de ville Ruinen, déi nach ëmmer duerch hir Pracht faszinéieren an un deenen d'Zäit scheinbar spurlos laanscht geet.

Dank dëse ville gefleegte Schätz verzauberen d'griichesch Inselen nach ëmmer all Joer vill Verléifter, déi grad eréischt bestuet goufen.

D'Grenadine Islands op engem Katamaran

Entdeckt d'Grenadinen op eng romantesch Manéier a maacht eng Croisière vun enger Woch op engem Katamaran.
Den idealen Navigatiounspark, well d'Mier ass d'ganzt Joer iwwer roueg an d'Sonn schéngt ëmmer.

Segelt vun Insel zu Insel ënnert dem tropesche Wand an entdeckt den Archipel vu St. Vincent an de Grenadinen: 32 Inselen a Mier, esouwäit ee kucke kann ... Eng schéi Manéier, fir Äert neit Liewen als bestuete Koppel unzefänken.

Spillt Robinson Crusoe a Freideg op verloossenen, paradiseschen Inselen, daucht an a waarmt an turquoiset Waasser a sicht um Mieresbuedem no Korallen an alle Faarwen, wou sech och gär schei Fësch verstoppen.

Mä och während engem Ausfluch mat festem Buedem ënnert de Féiss wäert Dir net enttäuscht sinn. Dës kleng Inselen hunn eng extrem räich Fauna a Flora mat herrleche Plagen aus feinem, wäissem Sand. Ideal fir pittoresk a roueg Spadséiergäng.

Op de bewunnten Insele kënnt Dir Iech vu karibescher Musek, vum Geroch vu faarwege Mäert a vun de Saveure vun der kreolescher Kiche verféiere loossen.

Dës Croisière verbënnt Léift mat exoteschem Flair. Niewent engem totalen Depaysement suergt si fir eng total Entspanung vu Kierper a Séil, andeems déi wichtegst Aktivitéit vun dësen Inselen ausgeübt gëtt: d'Inaktivitéit ...