Wedding charts
De Choix vun der Musek fir Ären Dag sollt Dir net dem Zoufall iwwerloossen.
Dës Lidder passen am beschten zu dem schéinsten Dag vun Ärem Liewen. Si vermëttelen d'Emotiounen, déi Är Gäscht an dësem Moment fille sollen.
Aus deem Grond ass dëse Choix ee vun deene wichtegsten.
E muss zu zwee getraff ginn – a bei Är Perséinlechkeete passen.
Dës Musek- a Lidderselektioun ass eng Manéier, fir Är Liebesgeschicht all Ären Invitéen ze erzielen.
Ufank vun der Zeremonie
Wann Dir erakommt – egal, ob zesummen oder eleng –, wäerten all d'Blécker op Iech geriicht sinn. Är Invitée wäerten den Otem unhalen a just d'Musek, déi Dir erausgesicht hutt, wäert ze héiere sinn ...
Si symboliséiert e wichtegen Deel vun Ärem Hochzäitsdag, dee jidderengem wäert an Erënnerung bleiwen.
Marry you, Bruno Mars
Mat esou enger frouer an dynamescher Musek wäert de Moment, wann Dir erakommt, an d'Gediechtnes vun Ären Invitéen agravéiert bleiwen.
Canon in D Major de Johann Pachelbel
Dës bekannte Musek ass fir eng méi traditionell Entrée. Als Kand hu mir eis virgestallt, dass mir enges Daags um Aarm vum Papp bei dëser Musek eise groussen Optrëtt hunn.
You're beautiful de James Blunt
Eng extrem romantesch Melodie, déi bei all Ären Invitéen Héngerhaut ausléise wäert.
No der Zeremonie
Fir Är Zeremonie mat Stil ofzeschléissen, musst Dir d'Lidd, dat dee Moment gespillt gëtt, wann Dir erausgitt, gutt eraussichen. Eng douce oder wëll Melodie – Dir musst decidéieren, mat wéi engem Lidd d'Zeremonie op en Enn goe soll.
Somewhere over the Rainbow - Israel "IZ" Kamakawiwoʻole
Wat e schéint Lidd! Douce a voller Hoffnung schléisst dëst Lidd Är Zeremonie mat Feigefill of.
Hochzäitsmarsch vum Mendelssohn
E Klassiker, deen ni wäert aus der Moud kommen an ëmmer dreeme léisst ... Wie vun eis huet sech nach ni virgestallt, enges Daags bei dëser Musek a wéi am Mäerchen um Aarm vu sengem Dramprënz viru villen Invitéen an en neit Liewen opzebriechen?
All You Need Is Love
Scho beim Lauschtere kann ee sech eng richteg amerikanesch Hochzäit virstellen, mat engem Gospelchouer, deen dëst mythescht Lidd séngt, mat Dauwen um Parvis an de Bléck vu Frënn a Famill voller Léift an Zäertlechkeet ...
Entrée an de Sall
D'Entrée vun den Hochzäitsleit an de Sall vun der Receptioun ass en eenzegaartegen an intensive Moment. Deemno de Moment, fir eng Musek erauszesichen, déi matrappt, déi den néidege Pep gëtt, fir eventuell Feindséilegkeeten anzestellen an all d’Gäscht mat Liewensfreed ze erfëllen.
Pharrell Williams – Happy
E beweegend Lidd, voller Liewen an Energie, fir e gelongenen Optrëtt.
Madcon - Don't Worry feat. Ray Dalton
Elektromusek – ouni Risiko. Fir e bemierkenswäerten Optrëtt ënnert dem Bäifall vun Ären Invitéen.
I Gotta Feeling
Hei ass eng Entrée vun den Hochzäitsleit déi d’Atmosphäre vum Owend ugëtt: festlech an a gudder Stëmmung.
Ukomme vum Hochzäitskuch
D’Ukomme vum berühmten Hochzäitskuch ass en Highlight an all Hochzäitsparty. Et kënnegt de Schluss vum Iessen an den Ufank vun der soirée dansante un.
Et ass also de Moment fir déi di während dem Moni John seng laang Ried ageschlof sinn waakreg ze maachen, andeems d’Stëmmung gesat gëtt an den Hochzäitskuch am Duo geschnidden gëtt, ënnert den zäertlechen Blécker vun de Gäscht.
He’s a pirate – Hans Zimmer & Klaus Badelt
Et ass déi läscht Joren zum Klassiker ginn, mee dëst Lidd ass nach ëmmer sou beléift fir d’Ukomme vum Hochzäitskuch ze feieren
Maroon 5 - Sugar
E Stëmmungslidd, modern an et schwätzt iwwer Léift … Wat gëtt et Besseres fir eng Hochzäit an fir är Gäscht zum Danzen ze beweegen?
Avicii - Levels
Hu Dir schonn un en Elektro Lidd geduecht fir d’Empfänke vum Kuch? Festlech Ambiance garantéiert!
Den éischten Danz
Den éischten Danz ass wierklech e perséinleche Choix, meeschtens sichen d’Koppelen e Lidd aus wat zu hirer Geschicht gehéiert an wou si oft déi eenzeg sinn déi de Sënn verstinn… Et kann e Slow sinn, mee awer och eppes méi Rhythmesches wéi en Tango oder en Iwwerraschungsdanz. mariages.lu huet fir iech en Selektioun vun méi oder wéineger romantesche Lidder zesummegestallt déi sech perfekt mam éischten Danz accordéiert.
Thinking Out Loud - Ed Sheeran
Hei ass e richteg gefillsvollt Lidd mat enger super glamouréiser Choreographie. Domat gëtt dat éischt Lidd zu engem ultra romantesche Moment.
Time of my Life - Dirty Dancing
30 Joer duerno ass dëst Lidd nach ëmmer Zäitlos, d’Choreographie ass nach sou suggestiv wéi beréierend… an wann dir den finalen Porté hikritt, wäerten déi ganz Gäscht impressionnéiert sinn.
Pulp Fiction
Eng Choreographie déi Kult ginn ass fir en originellen éischten Danz, lieweg an iwwerraschend!